Andeems Dir op "Ech sinn averstanen" klickt, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien. Dir kënnt dës zu all Moment nees desaktivéieren.

Mikrobiom :
Alles wat Dir wësse musst

Dir hutt sécher scho vum intestinale Mikrobiom héieren, méi geleefeg Daarmflora genannt, mat deem alleguerten d’Mikroorganisme gemengt sinn, déi eisen Daarm bevëlkeren.. Dës Mikroorganisme si wesentlech fir eis Gesondheet well si spillen eng Roll an eisem Ofwiersystem(1,2,3).

Am Laf vun deene leschte Jore gouf et dank dem Progrès vun der wëssenschaftlecher Recherche wichteg Erkenntnisser am Beräich vun de mënschleche Bakterien. Laut deene villverspriechende Resultater sinn se op villen Niveauen anscheinend gutt fir d'Gesondheet.. Fir eng Rei vun dëse Mikroorganisme gëtt d’Roll, déi bestëmmten Aarte vu Laktobazillen a Bifidobakterië spillen, ëmmer méi beschriwwen (4,5,6,7,8,9,10).

Wousst Dir schonn, dass...

d'Daarmflora net deen eenzegen Ensembel vu Mikroorganismen ass, déi an eisem Kierper liewen. E wichtegen Equiliber tëschent verschiddene Bakterie besteet och um Niveau vum

  • vaginale Mikrobiom (Scheed)
  • orale Mikrobiom (Mond)
  • kutane Mikrobiom (Haut)

An der Apdikt gëtt e vill Nahrungsergänzungsmëttel op Basis vu Bakterien, déi eng positiv Auswierkung bei bestëmmte Verwendungen hunn. Weiderhin hu bestëmmte Nährstoffer eng positiv Auswierkung op eisen Immunsystem, wéi zum Beispill d'Vitamin D (11).