Andeems Dir op "Ech sinn averstanen" klickt, akzeptéiert Dir den Asaz vu Cookien. Dir kënnt dës zu all Moment nees desaktivéieren.

Astel Medica

Mat 20 Joer Erfarung huet Astel Medica als Missioun, Produiten op Basis vu "liewege Bakterien" z'entwéckelen.

Eis Roll: "Iech hëllefen, Ären natierleche Milieu z'ënnerstëtze wann Dir dat fir néideg empfënnt."

E Partner zu Äre Säiten = eis Missioun

Professioneller aus dem Gesondheetssecteur a Consommateure bäizestoen andeems si Produite zur Verfügung gestallt kréien déi op natierlechen Ingredienten deenen hir Effikassitéit wëssenschaftlech bewisen ass, berouen. Zum Wuelbefannen a jidder Etapp vum Liewe bäizedroen, op eng global, effikass, douce, mënschlech a natierlech Aart a Wäiss, dank héichwäertege Produite mat engem grousse Potential. Dëst ass eis Missioun.

Wouru mir gleewen = eis Wäerter

  • An enger konstanter Optik vu Gewëssenhaftegkeet ze schaffen, fir d'Qualitéit an d'Sécherheet vun eiser Produktioun an der Distributioun vun eise Produite ze garantéieren.
    Eise Laboratoire respektéiert déi strengste belsch an europäesch Normen.
  • An enger Equipe schaffe fir mat Synergien Neiland ze erfuerschen an z'innovéieren andeems mir d'Kenntnisser an de Knowhow an engem déiwe Respekt vum Mënsch deelen.
  • Produiten entwéckelen déi authentesch sinn an d'natierlech Physiologie respektéieren fir d'Sich no engem bessere Gläichgewiicht ze begleeden an d'globaalt Wuelbefanne ze fuerderen.

Wat eis vun deen Aneren ënnerscheet = eis Besonneschkeeten

Eis Verwuerzelung

  • Gesellschaft a Produktioun vun belscher Hierkënft
  • Expert a Bakterien a Probiotika zënter 20 Joer
  • Qualitéit vun de Réimëttelen & reegelméisseg Analyse wärend der ganzer Produktiounsketten
  • Produiten déi 100%eg an eise Laboratoiren entwéckelt an hiergestallt ginn
  • Dynamesch Fuerschung & Entwécklung an der Spëtz vun der Technologie: Verbesserungen an eng wëssenschaftlech bewisen Effikassitéit

Eis Grënnerin: Thouria Louhmadi

Eng engagéiert Damm, mat vill Mënschlechkeet a besuergt ëm hir Matmënschen. Als geléiert Biologin war si vun 20 Joer déi éischt déi sech mam wëssenschaftleche Potential vun de "gudde Bakterien" beschäftegt huet. Esou ass si haut eng onëmgänglech Expertin an dësem Secteur. Begleet vun den Equippen an eisem Laboratoire, stellt si nach ëmmer hir ganz Kenntnisser an den Déngscht vun den Anere fir sécher ze stellen, dass all Mënsch Zougang zu effikassen Närungsergänzungsmëttel kritt.

Eis therapeutesch Domainer

  • Pediatrie
  • Gastro-enterologie
  • Kardiologie
  • Rheumatologie
  • Gynekologie
  • Immunologie

"Maacht aus Äre Bakterien Är Alliéierter"